Kultur
Groussen Interessi u Lyrik am Kriseland Griicheland
Wéinst der héicher Staatsverschëldung a wéinst der Flüchtlingskris ass d'Liewen a Griicheland net einfach. "Et ass net méi auszehalen", seet e Mann um Bord vun enger Liesung. D'Lyrik wier wichteg: si hätt eng Sprooch, déi Horizonter opmécht, déi d'Kand beim Numm nennt an déi sech net an allgemenge Beschreiwunge verléiert. Mat Hëllef vu Gedichter fannen d'Leit a Griicheland deemno nei Kraaft. E Bäitrag vun eiser Griicheland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis.