Kultur
Literaturpräis vun der Europäescher Unioun
Déi 3 europäesch Federatiounen vun den Editeuren, Auteuren an de Librairen organiséieren de Literaturpräis vun der Europäescher Unioun, EUPL. Finanzéiert gëtt de Präis vun der Europäescher Unioun am Kader vum Programm Creative Europe. Et ass fir jidderee vun den 12 Auteuren, déi den Dënschdeg zu Bréissel am Concert Noble ausgezeechent goufen e wäertvolle Präis. De Kär ass awer, datt mam EUPL d'Iwwersetzung vun émergenten Auteuren an aner europäesch Sprooche soll ënnerstëtzt ginn - iwwer dës Fro, huet den Nick Yapp, President vum European Writers Council dem Nathalie Bender Ried an Äntwert gestanen.