arrow_back_ios
Kultur
Cary Grant, Leading Man
De Cary Grant ass ee vun den "onstierflechen" Hollywood-Staren. Seng Spezialitéit wore Charmeur-Rollen a Screwball-Komedien. Den Acteur hat Atouten, déi een him net onbedéngt direkt ugesinn huet (seng Beweeglechkeet, seng Vitesse). En hat och méi ambigu, voire méi däischter Säiten, déi den Hitchcock ganz gutt ze notze wousst.