Kultur
Sampling an Autorerechter
Den däitsche Produzent Moses Pelham hat 1997 an engem Lidd vun der Sabrina Setlur e Sample vu Kraftwerk benotzt. De Ralf Hütter vu Kraftwerk hat dat contestéiert an de Bundesgerichtshof huet 2012 decidéiert, datt d'Lidd net méi däerf distribuéiert ginn. De Pelham goung bei d'Verfassungsgericht, an déi hunn elo entscheed, datt d'Uerteel d'Konschtfräiheet vum Pelham net respektéiert hätt. Wat bedeit dëst Uerteel fir Museker a Komponisten? Den Yves Stephany schwätzt doriwwer mam Marc Nickts, Direkter vun der Sacem a mam Beatmaker Jacques Rasic.