arrow_back_ios
Kultur
E Portrait vum Marilyn Monroe
Eng Stilikon an e Filmstar mat enger Prise Rebellioun, Sexappeal an e bëssen Tragik. Esou kann een d’Norma Jeane Mortenson, alias Marilyn Monroe beschreiwen. Mat enger fulminanter Carrière als Modell a Schauspillerin huet déi jonk Amerikaner sech en Numm an den USA, wéi och an aneren Deeler vun der Welt gemaach, a Männer wéi Frae verzaubert. Haut wier d’Marilyn Monroe 90 Joer al ginn. D’France Ewen mat engem Portrait vum Marilyn Monroe.