Kultur
"Zeltsman Marimba Festival On Tour" zu Diddeleng
2003 huet déi international renomméiert amerikanesch Marimba-Solistin Nancy Zeltsman, de “Zeltsman Marimba Festival” gegrënnt. An zanter hier begéinen sech déi weltwäit beschte Marimbavirtuosen op dësem Festival. Vun haut un an nach e Samschdeg ass den “Zeltsman Marimba Festival” op Besuch am Center culturel “opderschmelz” zu Diddeleng. De Jean Claude Majerus huet sech mam lëtzebuerger Perkussionist a Mat-Organisateur vum Zeltsman Festival Laurent Warnier ënnerhalen.