Kultur
Campagne fir e Koekkoek
100.000 Euro wëll de Musée National d'Histoire et d'Art via Crowdfunding zesummekréien, fir en Tableau vum hollännesche Moler Barend Cornelis Koekkoek ze kafen. De Budget, deen de Musée fir Acquisitiounen zur Verfügung huet, geet nämlech bei Wäitem net duer. Et handelt sech awer ëm e Wierk, dat en immens héije kënschtlereschen an och historesche Wäert fir Lëtzebuerg huet. "Luxemburgische Landschaft mit Burgruine Fels" war vum Wëllem den Zweete perséinlech beim Moler bestallt ginn. Dem MNHA bitt sech eng eemooleg Geleeënheet, fir un den Tableau ze kommen. Detailer vum Cléo Thoma.