Kultur
Empire State Building: Zanter 85 Joer en New Yorker Mythos
Am September dëst Joer sinn et 15 Joer hier, datt d'Attentater op de World Trade Center zu New York waren. Den 11. September 2001 si mat den zwee Tierm vum WTC déi héchste Gebaier vun New York verschwonnen. Duerch dëst traureg Evenement krut den Empire State Building säi fréieren Titel zréck, bis 2013 de One World Trade Center ageweit gouf. Bis deen Dag war den Empire State Building nämlech dat héchste Gebai vun New York a vun der Welt. D'Gebai gouf am Mee viru 85 Joer offiziell inauguréiert. De Jean Claude Majerus mat Explikatiounen.