Kultur
5 Joer no "The complete works of Shakespeare"
Net jiddereen ass 400 Joer no sengem Doud nach esou populär, wéi de William Shakespeare. Wie gëtt dëser Deeg mat Virléift vu Journalisten zum Thema “Shakespeare” interviewt? Literaturwëssenschaftler, Theaterleit ... an natierlech Theaterdirekteren. D’Kerstin Thalau mécht do mam Tom Leick, dem Direkter vum groussen Theater, keng Ausnam. Mee dofir gëtt et awer e gudde Grond: während 5 Joer war den Tom Leick Member vun der geckeger "Troupe grande-ducale de Shakespeare". Hir Missioun: dat komplett Wierk vum Shakespeare - also 37 Stécker - an nëmmen 90 Minutten op der Bühn opzeféieren. Dëst Zil ass net nëmmen erfëllt ginn, de Spekatakel hat e rise Succès!