Kultur
Industriekultur vum D Kollektiv zu Diddeleng
Zanter enger Zäitche geeschtert en neien Numm an der lëtzebuerger Kulturlandschaft ronderëm: "den D Kollektiv". Undercover-Geheimagenten op enger kultureller Mission impossible? Nee, vun haut un a bis den 2. Juli presentéiert den D Kollektiv ganz oppen hire Konschtprojet "Atelier D" um Site vum fréiere Walzwierk zu Diddeléng. An industrielle Brooche vu gëscht sollen Dramschlässer fir muer entworf ginn. An zwar idealerweis mat Iech zesummen. D’Kerstin Thalau war op Visite beim D Kollektiv.