arrow_back_ios
Kultur
Etonnants voyageurs: Staark Schrëftstellerinnen - Kim Thúy
Wat huet "rebelle" mat Schéinheet ze dinn? Wéi schreift eng Fra, déi an der vietnamesescher a kanadescher Kultur doheem ass? Wéi verschafft een eng Kandheet, déi vu forcéierter Migratioun a friemer Sprooch gezeechent ass? Wéi grouss ass hir Begeeschterung fir d'Anise Koltz? Dës a weider Froen beäntwert déi erfollegräich Schrëftstellerin um Mikro vum Valerija Berdi.