Kultur
Herman Wouk: 101 Joer a wuel eelsten aktiven Auteur vun der Welt
Et sinn net vill Mënschen, déi iwwerhaapt 101 Joer al ginn, mä garantéiert der nach vill manner, déi an deem Alter nach Bicher schreiwen. Beim amerikaneschen Auteur Herman Wouk ass dat anescht: D’Schreiwen ass nach ëmmer seng grouss Passioun, an en huet och ëmmer Themen,iwwert déi hie Loscht huet ze schreiwen. Mat sengen 101 Joer dierft den Herman Wouk wuel mat deen eelsten nach aktive Schrëftsteller vun der Welt sinn. Am Januar dëst Joer huet den Herman Wouk seng Memoirë mam Tite “Sailor and Fiddler: Reflections of an 100 Year old Author” beim Simon and Schuster Verlag zu New York pubizéiert. De Jean-Claude Majerus informéiert.