Blue Note
John Hollenbeck
Den amerikanesche Multi-Instrumentalist a Komponist John Hollenbeck ass haaptberufflech Batteur an als solchen aus Formatiounen, wéi dem Claudia Quintet an dem Bob Brookmeyer Orchestra bekannt. No senge Studien un der renoméierter Eastman School of Music huet et den Hollenbeck an de fréien 1990er Joren op New York gezunn, wou sech duerch d’Zesummenaarbecht mat diverse Gréissten aus de verschiddenste musikalesche Sparte wéi Fred Hersch, Tony Malaby, Village Vanguard Orchestra, Pablo Ziegler a Meredith Monk säi ganz perséinlecht Konzept vun Improvisatioun a Kompositoun entwéckelt huet. Eng Rees duerch modern Klangspektre presenteiert vum Stefano Agostini.