Kultur
Joint Venture Percussion Duo an de Pianist Pascal Meyer an der Philharmonie
An der Philharmonie ass den Owend am Kammermusekssall e Concert wou d’Jazzkläng dominéieren. Fir dëse Concert hunn de lëtzebuergesch-chineseschen "Joint Venture Pecussion Duo" an de Lëtzebuerger Pianist Pascal Meyer sech zesummegedoen. De gemeinsamen Nenner vun dëser Zesummenaarbecht ass Amsterdam. D’Rachel Xi Zhang an de Laurent Warnier vum Joint Venture Percussion Duo an de Pianist Pascal Meyer hunn zu Amsterdam studéiert, an et ass hinne wichteg déi Connection tëscht Lëtzebuerg an Amsterdam lieweg ze halen.