Kultur
Gerhard Haderer: De Meeschter vun der satirescher Zeechnung
Den éisträichesche Karikaturist Gerhard Haderer ass e Meeschter vun de satireschen Zeechnungen. Mat subtillem Witz a renger Ironie hëlt hien d’mënschlech Schwächten a politesch Mëssstänn op d’Schëpp. Den Haderer gëtt nieft sengem subtille Witz och fir säin Don vun der präziser Observatioun gelueft, an dat alles gëtt duerch eng ganz meeschterhaft developpéiert Aquarelltechnik ënnerstëtzt. Säi bëssege Witz verstoppt sech dobäi hannert ganz einfachen a léiwe Biller, seng Affer sinn net béisaarteg zermolt, am Konträr, seng Figure wierke mat komeschen Nuesen a speziell konfiguréierten Ae meeschtens ganz sympathesch. De Gerhard Haderer ass eng Zort Karikaturiste-Pendant zum Chansonnier a Kabarettist Georg Kreisler, dee ganz bësseg a béiss Texter ëmmer a ganz léif a gefälleg Melodië verpaakt.