Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Elysian Gates & Korn

Elysian Gates & Korn

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Metal Album vun der Woch: Elysian Gates - Crossroads (7,5/10)

D’lescht Woch ware se am Studio fir bësse Reklamm fir d’Release vun hirem neien Album ze maachen, déi lescht Deeg hunn ech mir Crossroads vun Elysian Gates bëssen ugelauschtert an dat ass haut eise Metal Album vun der Woch.

Dat éischt, wat opfält, ass den Titel an de Cover vum Album, deen a genee déi selwecht Richtung geet. Aus Destination Unknown ass Crossroads ginn, wat eng ähnlech Conotatioun huet, um Cover ass nees eng Kräizung mat Schëlder, déi no riets an no lénks weisen an an der Mëtt, elo net méi de Jong, deen net weess, wouhin, mä e jonke Mann, deen net weess wouhin. D’Geschicht geet also weider, ma musikalesch huet sech sou munches gedoen.

Zum engen, dat hutt der jo scho matkritt, hunn Elysian Gates kee Sänger méi, mä eng Sängerin. Aus dem Andy ass d’Noémie ginn. Et ass allerdéngs engersäits schued, dass aus dem Sänger eng Sängerin ginn ass, well dat am Fong typesch fir Symphonic Metal Bands ass, an et u sech interessant war, mol e männleche Sänger an esou enger Band ze hunn, och wann Elysian Gates fréier nach manner symphonesch waren, ma anerersäits huet d’Noémie nieft dem cleane Gesang e weideren Aspekt matbruecht, deen déi nei Elysian Gates dann nees e Krack méi interessant maachen, nämlech seng Growls.

Dat symphonescht ass et iwwregens, wat engem nach opfält. D’Band gouf zwar well ëmmer als symphonesch Metal Band ugesinn, war fréier awer méi progressiv an ass elo e gudde Krack méi symphonesch ginn a bréngt doduerch eng gewëssen Grandeur mat an d’Spill.

Méi symphonesch, manner progressiv. Dat bréngt et mat sech, dass d’Lidder allgemeng och méi kuerz gi sinn. Zwar gëtt et nach ëmemr Stécker, déi méi laang sinn, wéi 3 Minutten, ma sou en Epos wéi Seven Angels, wat, wann ech mech richteg erënneren, iwwer 15 Minutte laang war, gëtt et net méi. Vill gëtt et dofir awer dës kéier un Catchiness, Agängegkeet a Radiotauglechkeet. Ob dat allerdéngs vill hëlleft, dass si op méi Radiosendere gespillt ginn, bezweifelen ech.. Op alle Fall net hei am Land. ausser natierlech op de fräie Statiounen a bei mir..

Korn Gewënnspill

Um Dënschdeg, 31. Mee si Korn nees an der Rockhal.

Bock drop Korn gratis kucken ze goen? Kee Problem, ech verschenken eng Koppel Tix. Fir ze gewanne musst dir just dee Post op menger Facebook Säit deelen. Ganz wichteg: Dir musst en ëffentlech deelen an net nëmmen ënnert äre Frënn.. Déi nächst Woch e Méindeg, den 30. Mee um 4 Auer gëtt de Gewënner erausgepickt an ugekënnegt

Playlist

Megadeth - Holy Wars...The Punishment Due (Rust in Peace, Capitol Records)

Death Angel - Lost (The Evil Divide, Nuclear Blast)

Lacuna Coil - The House of Shame (Delirium, Century Media)

Gojira - Stranded (Magma, Roadrunner)

Revocation - Communion (Great is our Sin, Metal Blade)

Carnifex - Drown me in Blood (Slow Death, Nuclear Blast)

Opeth - The Night and the silent Water (The Roundhouse Tapes, Peaceville Records)

The Order of Israfel - Swords to the Sky (Red Robes, Napalm Records)

Elysian Gates - Broken Inside (Crossroads, Independant)

Korn - Ball Tongue (Korn, Immortal / Epic)

Episoden