Kultur
E leschten Tour duerch d'Mudam-Expo "Picasso et moi"
5 min
Am Mudam preparéiert d’Équipe sech lues awer sécher op den 10. Anniversaire vun der Institutioun am Juli.. Bis den 29. Mee hutt dir nach Geleeënheet, déi 3 aktuell Ausstellungen kucken ze goen, duerno ass Demontage vun der Beatrice Gibson hirem Video “solo for rich man”, der Sarah Oppenheimer hirer architektonescher Rauminstallatioun “S-399390” an dem Damien Deroubaix senger Expo “Picasso et moi”. D’Kerstin Thalau hëllt Iech eng leschte Kéier mat duerch d’Ausstellung.