Blue Note
Jazz aus Südamerika: déi brasilianisch Jazzzeen
Wann een u Süd-, Latäin- a Mëttelamerika denkt, denkt een natierlech un éischter Stell u Rumba, Samba, Son oder Bossa Nova. Vill Museker aus deene Länner hunn et verstanen, dës Kläng mat deene méi Jazzy Téin ze vermëschen. Hei hu virun allem Brasilien a seng Museker eng grouss Roll gespillt. Wie brasilianeschen Jazz seet, denkt natierlech u Samba a Bossa Nova, Museksrichtungen, déi Ausgangs de 50er Joren entstane sinn an direkt vill Unhänger fonnt hunn. Bossa Nova heescht fräi iwwersat, déi nei Stréimung, eng Nouvelle Vague also, déi ähnlech wéi an der Filmgeschicht och an der brasilianescher Musek Enn de 50er entstanen ass. Presentéiert vum Marco Reusch.