Invité:e vum Dag
Wahlen an Éisträich
20 min
Bei der Presidentschaftswahl Éisträich leien um Méindeg Moien (23.05.) déi zwee Kandidaten aus dem decisivem Tour Kapp u Kapp.
Ob de Norbert Höfer vun der FPÖ oder den Alexander Van der Bellen, ënnerstëtzt vun deene Gréngen, President gëtt, gëtt een eréischt haut am Laf vum Dag gewuer, wann d’Bréifwahl-Stëmmen ausgezielt sinn.
Mat den zwee Europadeputéierte Fränk Engel (CSV-EVP) a Charel Goerens (DP-ALDE), diskutéiert de François Aulner iwwert dat, wat ee ka vun de Presidentschaftswahlen an Éisträich zeréckbehalen.