Kultur
Cannes 2016: Wie kritt déi gëlle Palm?
5 min
D’Palme d’Or ass de bekannteste Filmpräis op der Welt. Ëmsou méi grouss ass d’Spannung wien dës Kéier déi 69te gëlle Palm wäert mat Heem huelen. Alles an allem sinn 21 Filmer an der Kompetitioun. Bis ewell stiechen zwee Filmer besonnesch ervir. Déi franséisch surrealistesch Komedie ''Ma Loute'' an déi däitsch Komedie Toni Erdmann ginn als Favorite geféiert. Maxi Pesch