Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Elysian Gates, Soulhenge a Bullet for my Valentine

Elysian Gates, Soulhenge a Bullet for my Valentine

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Elysian Gates

An dëser Editioun hu mer dann nees wéi gewinnt en Interview an och e Review am Programm. Am Interview schwätze mir mat enger vun de ganz wéinege Symphonic Metal Bands, déi et zu Lëtzebuerg gëtt. Ech kennen der selwer just zwou an eng vun hinnen ass Elysian Gates, a si bréngen den 21. Mee an der Mix N Kava Bar um Belval hiren neien Album Crossroads eraus. Am Interview erkläert de Gittarist Guy wéi der Band hir nei Sängerin Noémie Leer sech an d'Band integréiert huet, wéi hatt zum Songwriting bäigedroen huet a wat een iwwerhaapt vum 2. Album erwaarde kann.

EP vun der Woch: Soulhenge - Anachronism (9/10)



Zënter puer Joer schonn ass den Trend amgaang, dass d’Gittaren ëmmer méi Säite musse kréien.. Vill modern Bands spille 7-, 8- oder 9-Säiter; awer net fir méi e grousse Spektrum un Nouten ze hunn, mä just fir op nach méi déiwen Noute kënne ronderëm ze reiden.

Anescht ass dat bei Soulhenge, enger nach relativ jonker moderner Metal Band, déi zwar och mat Gittare mat méi wéi 6 Säiten ënnerwee sinn an natierlech och op déi déif Nouten zréck gräifen an zum gréissten Deel zimlech djenteg kléngen. Allerdéngs reide si net nëmmen op deene ronderëm, mä ënnermolen all hir Lidder mat schéine Melodien an interessante Licks.

Sou fänkt schonn den Intro vun der neier EP Anachronism, wat am Fong keen iwwerflëssegen Intro ass, mä en Track, dee well um Debutalbum vun der Band drop war, nämlech A New Dawn, net mat wëllen Gehopps op der 0 un, mä mat engem éischter atmosphäreschen Deel. Generell ass et nach ëmmer dat selwecht Lidd, d’Produktioun ass just nach bësse méi ronn, méi propper a méi fett ginn. A mam Ozzy huet d’Band och en neie Sänger, dee menger Meenung no nach besser ass wéi de virechten, souwuel an de fette Growls, an de Screams wéi och am cleane Gesang. An dat ass deen nächste Punkt, mat deem Soulhenge, op mannst zu Lëtzebuerg, ervirstiechen. Et gëtt hei nämlech net vill Bands, déi e Sänger hunn, dee richteg a gutt clean sange kann, ma Soulhenge ass eng vun deene wéinegen. Och de cleane Gesang dréit natierlech säin Deel dozou bäi, dass beim Lauschtere keng Langweil opkënnt. De cleane Gesang, d’Screams an d’Growls ginn nämlech dacks sou kombinéiert, dass se zimlech direkt openeen treffen an d’Vocals heiansdo souguer bëssen tëscht allem leien. Mat Sécherheet keng einfach Leeschtung. Top gemaach!

Als zweet Lidd hu Soulhenge The Atomic Age op d’EP gepak, wat jo well zënter puer Méint als Single dobaussen ass.

Déi zwee nei Lidder Serenity an Anachronism reie sech genee do an, wou och The Atomic Age an A New Dawn stinn. Soulhenge maachen déi Zort vu modernem Metal, déi Kreativitéit zouléisst an an där et vill Ofwiesselung tëscht wëllem Riffage, rouege Momenter mat cleanem Gesang, rouegen instrumentale Momenter, matrappenden Deeler mat cleanem Gesang an hällesch béise Growls gëtt.

Soulhenge sinn domat menger Meenung no déi dynameschst Lëtzebuerger modern Metal Band, an dobäi hunn d’Bandmembere mol nach keng 25 Joer. Wa Soulhenge sou weider mécht, da wäert hinne wuel nach déi eng oder aner Dir opgoen.

Agenda

Elysian Gates Album Release Party @ Mix N' Kava Bar, Belval

Rage of Samedi @ Plain Vanilla, Kockelscheier

Gewënnspill

Den 8. Juni huet den Atelier e richteg fette Metalcore Package op Lëtzebuerg geholl. An zwar si Bullet for my Valentine nees hei, ma mat dobäi hu si nach While She Sleeps, August Burns Red, Atreuy an Architects.

De Concert ass zwar ausverkaf, ma wann dir keen Ticket méi sollt kritt hunn, dann hutt der lo eventuell Gléck, ech verspillen der nämlech nach puer. Alles wat der maache musst, fir ze gewannen, ass op menger Facebook Säit laanscht surfen an déi Foto deelen, déi ech do gepost hunn. Ganz wichteg: Dir musst se ëffentlech deelen an net nëmmen ënnert äre Frënn.. Déi nächst Woch ginn d’Gewënner bekannt gemaach.

Playlist

Opeth - The Face of Melinda (Still Life, Peaceville Records)

Weekend Nachos - Writhe (Apology, Relapse Records)

Elysian Gates - Human Infection (Crossroads, Independent)

Otep - In Cold Blood (Generation Doom, Napalm Records)

Helhorse - Hell of a Ride (Helhorse, Spinefarm Records)

Avatar - The Eagle Has Landed (Feathers and Flesh, Another Century)

Soulhenge - Anachronism (Anachronis, Independent)

DevilDriver - Daybreak (Trust No One, Napalm Records)

Bullet for my Valentine - Her Voice Resides (The Poison, Visible Noise / Trustkill)

Episoden