arrow_back_ios
Kultur
E Pavillon fir Israel um Filmfestival vu Cannes
Israel ass fir déi éischte Kéier mat engem eegene Pavillon um Cannes Filmfestival dobäi. Déi ideal Plaz fir déi national Filmindustrie an de Mëttelpunkt ze setzen an sech mat internationale Produzenten, Distributeuren a Realisateuren auszetauschen. De Pavillon vum israelesche Kultur Ministere wëllt den Accent op déi nei Generatioun vu Cineasten an Technologie setzen. Méi doriwwer am Maxi Pesch senger Minutt vu Cannes.