Invité:e vum Dag
Manfried Welan
17 min
Iwwermuer ass an Éisterräich den decisiven Tour vun de Presidentschaftswahlen. Am Ballotage sti sech den Norbert Hofer vun der rietsradikaler FPÖ an den Alexander Van der Bellen géintiwwer, dee vun de Gréngen ënnerstëtzt gëtt. Am éischten Tour krut den Norbert Hofer 35% vun de Stëmmen a geet als liichte Favorit an den zweeten Tour e Sonnden. Fir d'éischte Kéier nom Zweete Weltkrich, kéint e rietsradikale Staatschef an engem europäesche Land gewielt ginn.
De Wiener Rechts- a Politikwëssenschaftler Manfried Welan mengt am Interview mam Daniel Schneider, datt ee vun de Pouvoiren vum Bundespresident an Éisträich, dee vun der "ëffentlecher Ried" ass. De Norbert Hofer kéint an engem "a villen Hisiichte rietsen Europa", seng Virstellunge mat auslännesche Staatsmänner a Fraen deelen. De Manfried Welan kritiséiert d'éisträichesch Verfassung, déi nom Zweete Weltkrich net geännert gouf.