Kultur
Den documentaire "bureau de chômage"
11 min
E groe Groussraumbüro mat Cloisonen/ Mënschen, déi sech zu 2 an 2 géigeniwwer sëtzen/ eng Salle d’attente. Dëst ass d’Kuliss vum neien Documentaire vum „mon-oeil“-Duo, alias Anne Schiltz a Charlotte Grégoire. De ganze Film „bureau de chômage“ spillt sech an dësem Huis-clos of. Den Enjeu vun de Gespréicher: d’Bäibehale vum Chômage. „Bureau de chômage“ huet an der Belsch vill positiv Kritiken a Präisser kritt. Zu Lëtzebuerg ass e bis ewell just eemol an de Rotonde gewise ginn. Explicatiounen Kerstin Thalau.