Kultur
Mephisto Mephisto oder: Theaterspillen op Première? Jo dat geet!
"Mer wéilten Iech gär weisen, wat fir eng cool Geschicht et am Fong ass." Ënnert der Leedung vum Nathalie Moyen a Seja Rockel spillen 32 Schülerinnen a Schüler aus alle Klasse vum Lycée Ermesinde zu Miersch dëst Joer dem Goethe säi "Faust". Den Originaltext gouf bäi behal, wann och liicht gekierzt an op eng modern Aart a Weis adaptéiert. Mat där enger oder anerer Gender-Inversion, oder dem Ajout vun Danz-Zeenen zum Beispill. Déi jonk Leit, déi jo de Faust fir de Premières-Exame kenne mussen, gesinn am Stéck duerchaus Bezich zu onser Gesellschaft vun haut.