Invité:e vum Dag
Karim El Khmlichi
Zanter zwou Wochen streikt an der Belsch d´Personal an de Prisongen. Hir Demande fir genuch Leit ze hunn, fir eng gewëss Qualitéit an der Aarbecht an de Prisongen ze assuréieren, misst gehéiert ginn. Dat seet den den Karim El Khmlichi, ee vun den Direkteren am Prisong zu St Gilles zu Bréissel. Hien ass eisen Invité vum Dag.
Am Prisong zu St Gilles sinn eng Parti Muslimen, déi aus defavoriséierte Quartiere vu Bréissel kommen – an et wier ze mierken, dat si ufälleg sinn, fir Unhänger vu „mördereschen Ideologien“ vu reliéise Leaderen ze ginn, sou den El Khmlichi.
Den Islam spillt do eng Roll: Gewëss Stréimungen am Islam wéi den Salafismus géife sech ubidden fir deene Leit eng Orientatioun ze ginn.
De But an der Prisongsarbescht misst et sinn, Mesuren ze huelen, fir de Recrutement vun radikalen Islamisten an de Prisongen ze verhënneren, sou den El Khmlichi.
Och a Quartierss´en wéi Molenbeck misst a Präventiounsaarbescht investéiert ginn - an do spillt d´Edukatioun eng grouss Roll.