Kultur
Streik! Neien Documentaire vum Andy Bausch
No "Belle Epoque“ a "Fifities“ kënnt en neien Documentaire vum Andy Bausch an de Kino. Mat "Streik! 100 Joer fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016)“ erzielt de Cineast mat Hëllef vun Zeienaussoen, Archivmaterial an Acteuren, d’Grënnung vum éischte Syndikat zu Lëtzebuerg a seng Konsequenze fir d'Lëtzebuerger Land. Musikalesch begleet gëtt de Film ë.a. vum Serge Tonnar, deen och, nieft Leila Schaus, Luc Schiltz a villen aneren am Film matspillt. De "Club des Chômeurs“-Realisateur suergt op en Neits fir en informativen a ënnerhalenden Documentaire, dee gläichzäiteg emotional ass an nodenklech mécht. Eng Kritik vum Karolina Chylinska.