arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Marc Reiffers
Enovos ass zefridde mam Bilan vun 2015: Den Energiekonzern hat dat bescht operatiivt Resultat jeemools, an e Nettobenefice vun 80,6 Milliounen Euro. Mee de Konzern steet viru groussen Erausfuerderunge fir sech vun engem rengen Energiefournisseur an eng Déngschtleeschtungs-Firma ze transforméieren. Doriwwer geet Riets mam Marc Reiffers, Member vum Direktiouns-Kommitte vun Enovos a Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg. Duerch d'Gespréich féiert de Pierre Reyland.