Kultur
Shortcut - Stylianos Schicho
Aen a Blécker, déi de Betruechter observéieren, afänken a beréieren ... net just angenehm ... D'Biller vum éisterräichesche Moler Stylianos Schicho hunn eng Muecht, där een net einfach dovu kënnt. An der Galerie Clairefontaine kann ee sech déi nei Serie vu Biller, déi ënnert dem Titel Elevator painting ausgestallt sinn, ukucken. D'Valerija Berdi huet sech der Magie vun der "erzwungener Pause im Hamsterrad des modernen Großstadtmenschen“ higinn.