Kultur
"Bureau de chômage“
E groe Groussraumbüro mat Cloisonen / Mënschen, déi sech zu 2 an 2 géintiwwer sëtzen / eng Salle d’attente. Dëst ass d’Kuliss vum neien Documentaire vum "mon-oeil“-Duo, alias Anne Schiltz a Charlotte Grégoire. De ganze Film "Bureau de chômage“ spillt sech an dësem Huis-clos of. Den Enjeu vun de Gespréicher: d’Bäibehale vum Chômage. "Bureau de chômage“ huet an der Belsch vill positiv Kritiken a Präisser kritt. Lo kënnt de Film op Lëtzebuerg. Explikatioune vum Kerstin Thalau.