Kultur
Shakespeare: 37 Theaterstécker a méi wéi dausend Verfilmungen
Et gëtt, all Kategorien zesummegerechent, wäit iwwer dausend Verfilmunge vun deene 37 Shakespeare-Theaterstécker. Bei Geleeënheet vum 400. Doudesdag vum berühmten engleschen Dichter an Dramatiker weist d’Cinémathéik eng (forcément streng) Selektioun dovunner; am Kader vun enger Retrospektiv, déi op zwee Méint verdeelt ass. Wat am zweeten Deel vun dësem Réckbléck am Mee z’erwaarden ass, huet d’Cléo Thoma de Marc Scheffen vun der Cinémathéik gefrot.