arrow_back_ios
Kultur
De Comité de gestion vum Mudam
Virun 2 Méint waren d’Membere vum neie Verwaltungsrot vum Mudam, fir déi nächst 6 Joer, gewielt ginn. Presidentin ass zanter hier d’Ierfgrousshäerzogin Stéphanie. Fir eng gréisser Opreegung hat d’Nouvelle, datt nieft dem Conseil d’Administration, e Comité de Gestion d’Mudam-Finanzen an Zukunft am A behale wäert, gesuergt. D’Kerstin Thalau huet mam Verwaltungsrot-Vicepresident Philippe Dupont geschwat, deen Entwarnung ginn huet.