arrow_back_ios
Kultur
Retrospektiv Woody Allen: leschten Ulaf
Eng Filmografie, déi hiresgläiche sicht: Den amerikanesche Cineast Woody Allen huet ee Gesamtwierk opweises, dat sech duerch seng Originalitéit a säi laangen Otem auszeechent. Zënter engem knappen halwe Joerhonnert bréngt hien, Joer fir Joer, en neie Film eraus. D'Cinémathéik huet - bis op eng kleng Ellipse elo um Schluss- seng gesamt Filmografie programméiert.