Kultur
D'Séverine Peiffer an d'"lanterne magique"
Zanter engem Joer ass d’Séverine Peiffer als fräischaffend Fotografin aktiv an huet schon erstaunlech vill Opträg. Mat hirem Mann huet si zesummen d’asbl „lanterne magique“ gegrënnt, déi zu Lëtzebuerg, Bréissel, an elo och zu Arel bei den "rencontres photographiques", Coursen an der Naass-Collodium-Technik gëtt; den Duo stellt aktuell eegen Aarbechten am alen Zaepert-Schluechthaus zu Esch aus, an d’Séverine Peiffer ass och bei der Gruppen-Expo „dead end stories“ am Konschthaus beim Engel mat dobäi. Explicatiounen Kerstin Thalau.