Kultur
Portrait Séverine Peiffer (Teaser)
Zanter engem Joer ass d’Séverine Peiffer als fräischaffend Fotografin aktiv an huet schonn erstaunlech vill Opträg. Mat hirem Mann huet si zesummen d’asbl "lanterne magique“ gegrënnt, déi zu Lëtzebuerg, Bréissel, an 2 Wochen och Arel, Coursen an der Naass-Collodium-Technik gëtt; den Duo stellt eegen Aarbechten am alen Zaepert-Schluechthaus zu Esch aus, an d’Séverine Peiffer ass och bei der Gruppen-Expo "dead end stories“ am Konschthaus beim Engel mat dobäi. Explikatioune vum Kerstin Thalau.