Kultur
Doud vum Literaturnobelpräislaureat an ungareschen Auteur Imre Kertesz
Am Oktober 2002 krut den IMRE KERTESZ als éischten ungareschen Schrëftsteller de Literatunobelpräiss. Als eng “glëcklech” Katastroph huet de Kertesz deemools säi Nobelpräiss beschriwwen, e Präis deen dem Schrëftsteller a senger Famill erlabt huet endlech e Liewen ouni weider finanziell a sozial Suerge ze féieren. De Nobelpräis huet dem Imre Kertesz awer och eng international Renommee bruecht. De Romancier, Essayist, Iwwersetzer a wéi gesot eenzegen ungareschen Literaturnobelpräislaureat Imre Kertesz ass am Alter vun 86 Joer gestuerwen, e Mënsch deen a sengem Liewen d’Hell vun den Konzentratiounslageren Auschwitz an Buchenwald iwwerlieft huet.