arrow_back_ios
Kultur
D'Fotografin Simone Busch an hier "RaumMänner"
Zejoert huet den Tréierer Kënschtler Laas Koehler seng eege Spillplaz fir d’Konscht ageweit: d’Galerie KM9 um Ufank vun der Karl-Marx-Strasse; wéi den Numm et seet, op der Nummer 9. Bis den 2. Abrëll inclus kënnt dir do d’Ausstellung “RaumMann 1.0” vun der Fotografin Simone Busch kucke goen. Et handelt sech ëm 40 Männerportraiten a schwaarz-wäiss. Explicatioune Kerstin Thalau.