Kultur
Spezial Reouverture Casino Lëtzebuerg
20 Joer Casino-Forum fir zäitgenëssesch Konscht: dat verlaangt no enger Live-Sendung. Ëmsou méi, well d’Gebai, tëschent der Ënneschtgaass an dem Boulevard Roosevelt, no 11 Woche Chantier bannendra ganz anescht ausgesäit. Nei Ausstellungen an nei Zeenografie abegraff. An net zulescht engem CaféSino. Fir dem Établissement senger Funktioun als Lieu d'échange nach besser gerecht ze ginn. De Radio 100,7 feiert mat. D'Kerstin Thalau an d'Cléo Thoma interviewen d'Équipe vum Casino, Leit aus der Konscht- a Kulturzeen, a Politiker.