Kultur
Nei Expo "Die fünf Sinne in der Malerei" an der Villa Vauban
“Die fünf Sinne in der Malerei-Les cing sens dans la peinture” heescht eng nei Ausstellung an der Villa Vauban, dem Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Kuratorin ass d’Gabriele Grawe; d'Ausstellung weist Wierker aus der eegener Kollektioun, a gräift ausserdeem op 20 exzeptionell Prêten aus anere Muséeën zeréck. Dank der Zesummenaarbecht mam Schloss Freudenberg vu Wiesbaden proposéiert d'Expo esou munnech spannend Iwwerraschungen. Kucke goe kann ee bis de 26. Juni.