Kultur
No 20 Joer: de Casino ouni de Jo Kox
Nächsten Dënschde feiert de Casino 20. Gebuertsdag. Bei der Geleeënheet presentéiert de Forum fir zäitgenëssesch Konscht och säin neien Intérieur, un deem déi lescht 11 Wochen hannert zouenen Dieren haart geschafft ginn ass. Mat konzipéiert hat dat Ganzt den administrativen Direkter vum Casino, de Jo Kox. Mee elo wëllt hien net am Forum fir zäitgenëssesch Konscht bleiwen. Firwat een net alles oprecht erhale kann a soll, huet de Jo Kox dem Kerstin Thalau erkläert.