Kultur
Rüdiger Safranski ass Gaascht am Institut Pierre Werner
De Rüdiger Safranski steet nieft aneren däitschen Intellektuellen an der Kritik wéinst sengen Aussoe par Rapport zur Flüchtlingspolitik an Däitschland. De Philosoph, Literaturkritiker an Auteur kënnt awer net an den Institut Pierre Werner fir déi Fro ze diskutéieren. Mee fir mat sengem Philosophekolleg Norbert Campagna iwwer säin neit Buch ze schwätzen. An deem huet hien eigentlech eng Biographie iwwer d'Zäit verfaasst. D'Nathalie Bender huet sech mam Rüdiger Safranski doriwwer ënnerhal.