Kultur
Carl Davis: den Charlie huet déi gréissten Déift.
"The Gold Rush" vum Charlie Chaplin steet um Programm vun der Live Cinema-Éditioun 2016, den 19. an 20. Mäerz an der Philharmonie. De Carl Davis dirigéiert den OPL-Orchester. Trotz sengen 80 Joer déi hien 2016 kritt, ass de Komponist an Dirigent, dee sech op Filmmusek fir Wierker aus der Stommfilmzäit spezialiséiert huet, nach ëmmer vun enger iwwerschwänglecher Kreativitéit. Am Gespréich mam Cléo Thoma a Guy Engels huet hien ënner anerem erkläert, firwat hien den Chaplin deenen zwee anere Komiker-Genien aus der Stommfilmzäit (Harold Lloyd a Buster Keaton) virzitt.