Kultur
De Kannerdanzspektakel "Matka" vum Anu Sistonen
“Matka” ass finnesch a bedeit “Rees”. Déi finnesch Choreographin a Wallëtzebuergerin Anu Sistonen hat e Konzept fir en Danzspektakel fir déi Kleng ab 4 Joer am Kapp an huet d’Dänzerin Jill Crovisier dozou encouragéiert, aus den Iddien e Stéck fir d’Rotondes-Bühn ze entwéckelen. D’"Matka"-Représentatiounen ware séier ausverkaf. Elo REEST d’Virstellung op Ettelbréck an op Esch. D’Kerstin Thalau war "Matka" kucken.