Kultur
Wolfgang Petersen: Eng Hollywood-Karriär duerch Waasser.
Den däitsche Cineast a Filmproduzent Wolfgang Petersen seng Karriär huet ganz vill mat Waasser ze dinn. Dem Petersen säi klaustrophobesche Weltkrichdrama “Das Boot” huet him 6 Oscar-Nominatioune bruecht, an dernieft och Dier an Direktioun Hollywood opgemaach. De Wolfgang Petersen gehéiert zesumme mam Roland Emmerich a mam verstuerwene Bernd Echinger zu den däitsche Cineasten déi an der Dramfabrik un der amerikanescher Westküst déi gréisst Succèsen hunn an haten. Explikatioune Jean Claude Majerus