arrow_back_ios
Kultur
25 Joer Ötzi: a wéi huet e geklongen?
Am September ass et e Véirelsjoerhonnert hier, datt den Ötzi entdeckt gouf. Mëttlerweil kann een en ouni ze zécken als dat wuel bescht-erfuerschtent Mord-Affer vun der Welt bezeechnen. De Mann aus dem Äis, dee selbstverständlech, an zënter Joeren, och op Facebook ass, ass och ee vill besichtent Exponat. Mä ëmmer nach gëtt sech mat him wëssenschaftlech befaasst. An engem aktuelle Projet geet et drëm, seng Stëmm ze rekonstruéieren.