Kultur
EFA Young Audience Award
A 27 europäesche Stied kucken den 8. Mee Kanner am Alter vun 12 bis 14 Joer zäitgläich dräi Filmer a wielen zum Schluss hire Favorit eraus. Op Initiativ vum Luxembourg City Film Festival an an Zesummenaarbecht mat der Cinémathéik an der Filmakademie, mécht Lëtzebuerg dëst Joer fir t'éischte Kéier beim Young Audience Award mat. Een tierkeschen, ee schwedeschen an ee franséische Film ginn noenee gewisen. Dat Ganzt encadréiert vu Gespréichsronnen, a mat pädagogescher Begleedung. Explikatioune vum Cléo Thoma.