Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Earthgrave, Elysian Gates & Mortal Terror

Earthgrave, Elysian Gates & Mortal Terror

Earthgrave

Mir komme bei eng nei Band. Dir hutt se vläicht schonn op Facebook gesinn, respektiv vläicht hutt der och well Musek vun hinnen op hirer Bandcamp Säit héieren. Am Studio sinn dës Kéier de Sänger a Gittarist vun der Band Earthgrave, de Rosh an de Matze. Earthgrave sinn eng Doom / Sludge Band vun Tréier, déi sech virun e puer Méint gegrënnt hunn a well eng EP erausbruecht hunn. Am Interview erkläre si wéi d'Band entstanen ass, wourëms et hinne geet a wéi si sech hir Zukunft virstellen.

Elysian Gates

Elysian Gates brénge jo den 21. Mee hiren neien Album Crossroads eraus. Déi éischt Single, déi de selwechten Numm huet, ass jo och well dobaussen. Si hu fir de Song iwwregens och well e Live Vieo erausbruecht. Gefilmt gouf deen op hirem Optrëtt beim Female Metal Event am Popei zu Eindhoven, wou si et bis an d’Halleffinall gepackt haten.



Album vun der Woch: Mortal Terror - Creating Destruction (7.5/10)



Eisen Album vun der Woch kënnt haut vun enger Band, déi u sech relativ onbekannt ass, awer déi e regelrecht Urgestein sinn am Underground vun der extremer Musek. Mortal Terror, déi däitsch Death / Thrash Metal Band, déi well 1986 gegrënnt gouf, huet d’lescht Woch hire 5. Studioalbum Creating Destruction erausbruecht. An deen ass alt nees derwäert fir gelauschtert ze ginn.

Ënnert anerem well ee mierkt, wéi vill Spaass déi 5 Shredder aus Kassel un hirer Saach hunn.. Dat ass och den Haaptgrond, firwat si no 30 Joer nach ëmmer Musek maachen, obwuel si ni den Duerchbroch gepackt hunn. Wie sech bëssen eng Virstellung vun hirem Sound wëll maachen, dee ka sech eng Mënschung aus Maiden, Anvil, Sodom an Destruction virstellen a souguer bëssen Judas Priest. An dobäi hu si trotzdem hire ganz eegene Sound.

Op Creating Destruction kritt een 9 Stécker gebueden, déi sech uspiere, wéi wann een eng riicht an d’Gladder kréich, virun allem nodeems dee bësse méi dréchenen a laangen Intro vun engem éischte Lidd iwwerstan ass.

Och wa si hiren eegene Sound hunn an net onbedéngt no denger Lieblings- Thrash Band kléngen, och wa se plazeweis Riffer benotzen, déi recycléiert kléngen, hu si natierlech alles dobäi, wat gudden Thrash ausmécht: Fett Riffer, déi ee matrappen an Harmonie bei deenen een Héngerhaut kritt.

Op Creating Destruction hu Mortal Terror awer net nëmme knallhaart Stécker agespillt, mä och déi eng oder aner Lidder mat méi rouege Momenter, a suerge sou fir genuch Ofwiesselung.

Bemierkenswäert ass och de Sound vum Album. Et kléngt alles propper produzéiert, et héiert een all eenzelt Intrument am gudde Mix eraus, ma alles kléngt trotzdem schéi rotzeg, wéi deemools virun 30 Joer, wéi den Thrash a senger Glanzzäit war - schéi rotzeg an onpoléiert - an domat och schéin authentesch. Leider kënnt déi Authentizitéit heiansdo bëssen amateurhaft eriwwer.

Als Fazit kann ee soen, dass ee mat Creating Destruction en imposant an ofwiesslungsräicht Thrash Donnerwieder gebuede kritt, wat engem Live d’Genéck wäert briechen. An iergendwéi ass et och gutt, dass se den Duerchbroch ni gepackt hunn. Sou bréngen déi 5 Kasseler et wéinstens fäerdeg nach authentesch Musek ze maachen.

Agenda

Metalfestival Koplescht @ Centre Wiertspech, Koplescht

Desdemonia @ Rock N' Oldies Bar, Baaschtnech

Playlist

Slipknot - Surfacing (Slipknot, Roadrunner Records)

Cosmogon - Cosmospeedflush (Chaos Magnum, Independant)

Earthgrave - The Lake (Deathcold, Independant)

Elysian Gates - Crossroads (Crossroads, Independant)

Abnormality - Mechanisms of Omniscience (Mechanisms of Omniscience, Metal Blade)

Aborted - Divine Impediment (Retrogore, Century Media)

Mortal Terror - Mortal Terror (Creating Destruction, Unholy Fire Records)

Desaster - Damnatio Ad Bestias (Oath of an Iron Ritual, Metal Blade)

Otep - In Cold Blood (Generation Doom, Napalm Records)

Amon Amarth - At Dawn’s First Light (Jomsviking, Metal Blade)


Episoden