Kultur
Eng Fro an eng Invitatioun: "Did you know...Kazakhstan?"
Ënnert dem Motto “Did you know...Kazakhstan?” presentéiert d’Stater Wild Project Gallery d’Aarbechte vun 10 kasakhesche Kënschtler, déi op den 1. Bléck näischt verbënnt ausser hirer kasakhescher Heemecht: si traitéieren net déi selwecht Sujeten, hu verschidden Disziplinne gewielt, si liewen a verschiddene Länner, sinn ënnerschiddlech al. D’Kerstin Thalau huet de Moien hire Representant, de Laurent Lehmann vun der International Art Development Association, kuerz IADA, an der Wild Project Gallery kenne geléiert.