arrow_back_ios
Kultur
De Paul Gaffney bréngt de Bësch an de CNA
Virun 2 Joer huet den Ir Paul Gaffney seng Fotoen op der Portfolio Night am Centre national de l’Audiovisuel zu Diddeleng presentéiert. D’Aarbecht huet der CNA-Équipe esou gutt gefall, datt de Fotograf duerno fir déi éischt CNA-Fotoresidenz op Lëtzebuerg invitéiert ginn ass. D’Resultat dovunner kënnt dir bis den 15. Mee am Pomhouse an am Waassertuerm nieft dem CNA gesinn. D’Kerstin Thalau war dohinner an huet d’Aen grouss opgerappt.