arrow_back_ios
Kultur
Le Chant des hommes
De Film "Le Chant des hommes", an deem et iwwert een Hongerstreik vu "sans papiers" geet, gouf gréisstendeels hei am Land, virun allem an der Stater Mëchelskierch gedréint. Dës Lëtzebuerger Co-Produktioun huet elo Première gefeiert. Als éischt gewise gouf de Film um rezente LuxFilmFest, wou sech de Michel Delage mat de Realisatricë Bénédicte Liénard (Belsch) a Mary Jiménez (Peru) ënnerhalen hat.